Et muss net ëmmer nei sinn. Léinen, Flécken oder gebraucht Kafe kënne gutt Alternative sinn. Et ass e Wee, Suen ze spueren, ouni op nëtzlech Saachen ze verzichten. Wann Dir Produiten nëmmen dann ausléint, wann Dir se braucht, hutt Dir méi Plaz fir aner Saachen an ëmmer dat Richtegt zur Verfügung.

Mir hëllefen Iech op www.flecken-a-leinen.lu  d’Adress vu Betriber déi e Reparatur an Locatiounsservice an der Haaptproduktgruppen ze fannen déi Dir sicht. (Zum Beispill “Maschinnen an Haushaltsapparaten”).
D’Detailer vun Ärem jeeweilege Reparatursproblem fannt Dir op der Detailer-Säit vu www.flecken-a-leinen.lu  oder Dir kënnt direkt de Kontakt mat der Firma déi an der Sichfunktioun opgelëscht ass, ophuelen. Eis Sichfunktioun get Iech also eng Orientéierung, sou datt Dir weider Reparaturoptiounen zu Lëtzebuerg auswielen kennt. Zousätzlech, duerch Kontaktéiere vun der Firma, get d’Informatioun transportéiert, datt de Reparaturservice ausdrécklech vun de Client gefrot gëtt.

Firwat Flécken a Léinen ?

Trotz rezent Progrèsen am Beräich vun Nohaltegkeet an Ëmweltschutz bleift vill ze dinn. D’Mënschheet konsuméiert weiderhi méi Energie a Rohstoffer wéi mir eis laangfristeg leeschte kënnen. Fir an Zukunft gutt Liewensbedéngunge fir all Mënschen ze garantéieren, si mir gefuerdert matzemaachen.

Flécken

Flécke lount sech

Fréier war Flécken nach selbstverständlech, d’Produite robust, liicht ze demontéieren a kaum der Moud ënnerworf. Haut kënnt Dir als Client selwer entscheeden, ob Dir e Produit, deen Dir nëmmen eemol gebraucht hutt, zu engem geréngem Präis kafe wëllt, oder en zolitten, qualitativ héichwäertege Produit, dee sech op laang Siicht bezuelt mécht.

Wourop Dir oppasse musst, wann Dir eppes an d’Reparatur gi wëllt:

  • Beschreift den Defekt méiglechst genee an haalt ausdrécklech (méiglechst schrëftlech) fest, wat gefléckt gi soll.
  • Bréngt d‘Betribsuleedung mat, wann Dir eng hutt.
  • Verlaangt en Devis. Eng Reparatur däerf net méi kaschte wéi en neie Produit.
  • Frot, wéi laang d’Reparatur dauere wäert.

Léinen

Léinen amplaz vu kafen !

Sief et Handwierksgeschir oder Gaardegeschir wéi Méimaschinnen oder Motorseeën, de geleeëntlech benéidegten Unhänger oder e speziellt Oweskleed. Ob am Kader vun Hëllef an der Noperschaft oder vu professionellen Déngschtleeschteren – Léine spuert Plaz a Suen an ass a ville Fäll eng sënnvoll kollektiv Notzungsform vu Gebrauchsgidder.

Dorop sollt Dir uechten:

  • Wann Dir e Kontrakt ënnerschreift, kuckt op dat Klenggedréckt: Ass den Apparat verséchert? Wien haft fir Schied? Wat kascht et, wann Dir d‘Zäit, déi Dir den Apparat ausléint, iwwerschreit?
  • Passt op, dass Dir den Apparat propper a fräi vu Mängel kritt an och esou ofliwwert.
  • Behandelt den ausgeléinte Produit wéi Ären eegenen, dat heescht passt gutt drop op.

Wéi erkennen ech e  Betrib, de bei ‚Flécken a Léinen‘ deelhëlt ?

Déi  Betriber déi deelhuelen, erkennt een um Autocollant‚Flécken a Léinen‘.